Schueberfouer

HO_restaurants

HO_brochure

HO_gotofouer

Restaurant'n op der Schueberfouer:

Reservéiert ären Dësch hei 

 Schueberfouer 1340 - 2010:

Klickt hei fir d'Brochure

Accès op't Schueberfouer 2010:

Klickt hei

  


      

Häerzlech Wëllkomm op den offizielle Schueberfouer-Säiten

D'Schueberfouer 2010 ass op vum 20. August bis den 8. September.

 

HO_fouer_2008_gen 

 

 

 

 

 

 

D'Schueberfouer, d'Kiermes vun der Stad Lëtzebuerg mat iwwer 2 Millioune Visiteuren all Joer, ass dat gréisste Volleksfest vum Land an der Groussregioun. All Joer tëscht Enn August an Ufank September gëtt' Fouer wéi't Lëtzebuerger hiert Fest mat Léift nennen, um Glacis matten an der Haaptstad ofgehalen an zitt mat sengem ganz spezielle Charme en duerchmechten an internationale Publikum un.

Et wor de Jang de Blannen deen't Institutioun Schueberfouer 1340 als Joermaart an't Liewe geruff huet. Am Laf vun der Zäit huet sech de Joermaart ëmmer méi zu engem Volleksfest gewandelt, mä dat ouni säi kulturellen Urspronk opzeginn.

Op der Schueberfouer, Volleksfest am Sënn vum Wuert, begéinen sech Lëtzebuerger an Net-Lëtzebuerger, iessen, drénken, an ameséieren sech, sief et op den traditionelle Geschäfter wéi dem méi wéi honnertjährege Päerdskarussell, den onverzichtbare Knuppautoen, oder beim Genéisse vun den typesch Lëtzebuerger Gromperkichelcher, de faméisen Eisekuche mat Schlagsahn an Äerdbieren, oder kappiwwer an enger vun den neiste Sensatiounsmachinen.

   HO_int

 HO_barbeapapa  

Well' t Schueberfouer ass net nëmmen déi eelsten haut nach begaange Lëtzebuerger Traditioun, si ass och eng Héichbuerg vun der populäerer Gastronomie a vun der Innovatioun. Vill Geschäfter hunn zu Lëtzebuerg hier Première gefeiert a sinn och hei gedeeft ginn.

Sou ass d'Stad Lëtzebuerg als Veranstalter all Joer op en Neis beméit dem Public eng attraktiv Mëschung aus Traditioun, Gastronomie a sensationelle Karusseller ze bidden. Dëse Mix ass iwwregens an där Form eenzegaarteg an Europa.

Unhand vun dësem Internetsite versiche mer Iech all néideg Informatiounen zur Schueberfouer ze liwwere fir datt äre Besuch sou agreabel wéi méiglech gëtt. Weider Informatioune fannt Dier och um Internetsite www.funfair.lu.

Mier wënschen Iech vill Spaass beim Surfen an eng wonnerbar Schueberfouer,
äert www.schueberfouer.lu - Team

Kontakt

Stad Lëtzebuerg
Office des Fêtes, Foires et Marchés
Responsabel : M. Marc Weydert
Petit Passage
9, rue Chimay
L-2090 Luxembourg
Tel.: (+352) 4796 3445
Fax: (+352) 26 27 01 59
E-Mail: Klickt w.e.g. hei

   HO_autoscooter