| Impressiounen Programm an Ouvertureszaiten Accès a Verkéier Attraktiounen Restaurant'n Praktësch Informatiounen Nëtzlech Adressen Crazy Cinematographe Fouer Science Cuvée Schueberfouer 2011 Summerakademie Geschicht Linken Billergalerie Downloads Press Nexten Editiounen Schobermesse Chicago Kontakt Sichen Plang vum Site Copyright |
Praktësch Informatiounen
Wéi all Joer sou fänkt mam Enn vun der Summervakanz déi traditionell Schueberfouer un. Si verwandelt vun Enn August bis Ufank September de Glacis an der Stad Lëtzebuerg an eng riseg Erliefneswelt mat Karusseller, Restaurant'n, Kreemechersstänn, Confiserien, etc. fir déi ganz Famill.
DauerD'Editioun 2011 - Joergang 671 - fänkt de Freideg 19. August (viru Bartelméisdag) un an dauert bis e Mëttwoch 7. September inklusiv.
Forain'Op dem Glacis sinn 183 Forainsbetriber an 90 Kreemerchersstänn (Allée Scheffer) vertrueden.
Offiziell OuvertureDéi 671st Schueberfouer gëtt en Freiden 19. August um 17 Auer vum Buergermeeschter Paul Helminger offiziell opgemaach andeems hien't Trikolorband duerchschneit. Musekalech begleet gëtt' Ouverture duerch d' Harmonie Municipale Luxembourg & Limpertsberg déi, zesumme mat de gerëschten Hammel den Eihrecortège uféiert.
Aktioun "Verluere Kanner - Schueberfouer"D'Police hëlleft nees verluere Kanner mat hiren Elteren zesummen ze bréngen, an dat all Dag.
Portal um Rond-Point SchumanD'Entréesportal vun 18 x 18 Meter mat Luuchteffekter ass 2007 vun engem Grupp vun Artisten, ënnert der Leedung vum Rik Van Kerchove erstallt ginn a gëtt bis 2012 benotzt. Ennerhalt- a Fléckaarbechte ginn no dem Opbau gemat.
InformatiounsécranOp Gronn vum grousse Succès vun deene leschte Joere gëtt och dëst Joer nees een Informatiounsécran bei der Haaptentrée opgestallt. Hei kennen't Visiteuren all néideg Informatiounen zur Schueberfouer oofliesen.
PublicitéitD' Affiche zur 671ster Schueberfouer ass vum Anne Mélan aus der Stad erstallt ginn.
Guichet uniqueAm Sënn vun enger Vereinfachung vun den administrativen Demarchen hunn t' Association Européenne des Commerçants-Forains, d' Confédération luxembourgeoise du commerce an't Stad Lëtzebuerg den guichet unique agefouert. Hei kréien't Forain' op enger eenzeger Plaatz all néideg Informatiounen zum Aarbechtsrecht, Assurancen, Sécherheet a Gesondheet op der Aarbecht.
Accès an ParkenInformatiounen dozou wéi Dir am Beschten op't Schueberfouer kommt fannt Dir an eiser « Accès a Verkéier » - Rubrik.
Fräi Nuechten6 fräi Nuechten (bis 2 Auer) sinn fir't Schueberfouer 2011 autoriséiert, an dat all Freiden a Samschden.
ProgrammDe komplette Programm vun der Schueberfouer kennt Dier an der Rubrik « Programm an Ouvertureszaiten » duerchliesen.
GastronomieDe Verkaf an't Qualitéit vun de Liewensmëttel op der Schueberfouer gi regelméisseg duerch Fonctionnairë vun der Inspection Sanitaire an der Spezialpolice kontrolléiert.
GasD'Stad Lëtzebuerg huet 2007 en komplett neit Flesseggassystem mat Zentraltank a Betrib geholl. De Konzept ass an enker Zesummenaarbecht mat dem städtesche Gasservice, der Inspection du Travail et des Mines, Luxcontrol SA a Chauffage Moderne SA erschafft gin. Sou gouf kee Sécherheetsaspekt vernoléissegt. Den neie System huet seng Prouf bei der Octave an der Schueberfouer zënter 2007 gemat.
SécherheetD'Stad Lëtzebuerg huet en Contract mat enger zougeloossener Kontrollfirma ofgeschloss wat' Kontroll vun de Geschäfter, Stänn, de Gastronomiebetriber an den städteschen Infrastrukturen (Portal, Container, Elektro- a Waasserschief) betrëfft. Eng ofschléissend Inspektioun vun der commission des fêtes ass fir den 18. August virgesinn.
Fir't Gesetzgebung zum Thema Sécherheet an Hygiène op der Aarbecht op einfach a verständlech Art a Weis ze erklären ass en « guide des bonnes pratiques » op franséisch an däitsch un all't Forain' verdeelt ginn. Dëst Dokument ass vun der Stad Lëtzebuerg, der Inspection du Travail et des Mines, dem Gesondheetsministère an der Police erschafft ginn.
|