Impressiounen
Geschicht
Praktësch Informatiounen
Attraktiounen
Restaurant'n
Crazy Cinematographe
Agenda
Nëtzlech Adressen
Accès a Verkéier
Summerakademie
Fouer Science
Linken
Billergalerie 2010
Billergalerie 2009
Downloads
Press
Nexten Editiounen
Kontakt
Sichen
Plang vum Site
Copyright
|
Geschicht
D'Schueberfouer ass DAT grousst Volleksfest zu Lëtzebuerg an fënnt all Joer tëscht Enn August an Ufank September um Glacis just nieft dem historesche Stadzentrum statt. Mee schonns am Juli kënnegt sech d'Fouer un duerch't Opriichte vum traditionelle Portal um Rond-point Schuman. Déi éischt Forain', d'Restaurateuren fueren géint den 10. August op. Vun deem Dag un ass den Glacis dann och kee Parking méi an't Autoen musse den Forain'hiren Camione Plaatz maachen. Déi grouss Geschäfter komme 4 bis 5 Deeg virun der Ouverture aus der Belsch, Frankräich, Éisträich, Däitschland oder Lëtzebuerg. Sou ass't "Schueberfouer" déi Plaatz wou Forain' aus ganz Europa eemol am Joer zesummentreffen.
Mee d'"Schueberfouer" ass net nëmme Sensatioun, wëll hiren historeschen Urspronk als Joermaart vun der Stad Lëtzebuerg ass och haut nach - an dat ass eenzegaarteg an der Groussregioun - ze erkennen un den Restaurant'n an un den Kreemechersstänn an der Scheffer Allée. Et kann een eigentlech net op't Fouer goen ouni e gebaakene Fësch oder Gromperkichelcher ze iessen, oder op mannst déi legendären Eisekuchen oder de Schappnougat probéiert ze hun… Eis "Schueberfouer" huet eng laang Geschicht an ass eng vun deene wéinegen Lëtzebuerger Traditiounen déi haut nach gefeiert gëtt. Schonns virun hirer Creatioun sinn et Pläng ginn fir en Joermaart an der Stad Lëtzebuerg ze organiséieren. Et wor schlussendlech de Jang de Blannen, Kinnik vu Béihmen an Grof vun Lëtzebuerg deen den 20. Oktober 1340 d'Schueberfouer gegrënnt huet. An senger Grënnungscharte seet hien : "Elle [la foire] commencera chacun an la vigile de la fête de St.Bartholomé, et durera huit jours continuels tous entiers en cette matière." Dest erklärt dann och wisou den Ufank vun der « Schueberfouer » nach haut mam 24. August, Bartelméisdaag, zesummenhängt.
Bal 450 Joer, bis zur franséischer Revolutioun, wor d'"Schueberfouer" virun allem e grousse Maart zou deem sech och nach en Véihmaart, den Bartelméismaart, gesellt huet. Laang Zait op engem Kraizpunkt vun wichtegen europäeschen Handelsstroossen geleeën huet' "Schueberfouer" schonns ëmmer eng wichteg economesch Roll gespillt. Hei sinn Textiler, Porzelain a sos Wueren verkaaft ginn. Matt der Zäit ass allerdéngs déi ursprénglech Veranstaltungsplaatz ze kleng ginn. Nodeems um Lampertsbierg am Kader vun den Aarbechten un der Festung, de Bësch gefält wor, ass't "Schueberfouer" 1610 heihinner gezunn. Fir genau ze sinn wor et nërdlech vun der heiteger Schefferallée, also direkt nieft hirem jetztegen Standuert. Am 18. Joerhonnert huet sech den Joermaart dunn ëmmer méi zu enger Vergnügungsveranstaltung gewandelt. Ett goufe Konzert'n, Spektakelen sinn opgefouert ginn, genausouwéi Spiller gespillt. Et gouf gedanzt, gespillt, giess a gedronk. 1844 sinn déi éischte Variété'n opgetaucht. Am Joer 1893, fir déi urbanistesch Entwécklung vum Lampertsbierg op't Schläifen vun der Festung hin ze erméiglechen ass't "Schueberfouer" op hier haiteg Plaatz emgezunn, südlech vun der Schefferallée. Hei sollt se bis haut bleiwe. Um Ufank vum 20. Joerhonnert koumen dunn Riiseraad an Aachterbunn, Attraktiounen déi haut net méi ewech ze denke sinn.
Säitdeem sinn't Spiller ëmmer méi mechanesch ginn, mä d'Restaurant'n an't Kreemerchersstänn konnten sech donieft och nach behaapten. Sou huet eis bal 670 Joer al "Schueberfouer" et iwwert' Joeren gepackt eng Mëschung aus Traditioun, Maart an Kiermes, als kulturellen Event deen déif am Lëtzebuerger Bewosstsinn verankert ass, bäibehalen an se ass haut méi wéi jee DEE jäerlechen Treffpunkt vun der ganzer Bevëlkerung, egal op jonk oder al, an quier duerch all sozial Klassen.
|