Fouer Science

De Mister Science erklärt Mathé, Bio, Physik a Chimie unhand vun den Attraktiounen op der Schueberfouer!

Firwat brëllen d'Leit ëmmer op de séiere Spiller ? Firwat huet ee Loscht op Frittéiertes, och wann ee keen Honger huet? Oder firwat ass et eis schwindeleg no engem Karussell?

D'Lämmy, d'Schof aus dem Hämmelsmarsch Orchester, an de Mister Science, de gewëtzte Wëssenschaftler, dréien och rëm dëst Joer hier Ronnen iwwer d'Schueberfouer. Op 13 Plakater, déi iwwert d'Glacisfeld verspreet sinn, gi si Dir amüsant wëssenschaftlech Äntwerten zu enger Rei Virgäng aus dem Foueralldag. Fouer Science ass eng eenzegaarteg Aktioun, déi et versteet, Spaass matt Mathé, Bio, Physik a Chimie ze verbannen!

Vill Spaass beim Entdecken an Experimentéieren!

 

> Brochure Fouer Science (FR)

> Brochure Fouer Science (DE)

 

  fouerscience_pic