Crazy Cinematographe

Déi Sensatioun op der Schueberfouer !

Déi verréckten Jugend vum Kino, nach méi geckeg ! No dem grousse Succès vun den vergaangene Joeren installéiert sech den Fouerkino « Crazy Cinématographe » och dest Joer nees op der Schueberfouer an presentéiert en nach méi verréckte Programm wéi sos: Kiermesphenomener, burlesque Artisten an komesch Déieren wéi se d'Kinoen um Ufank vum leschte Joerhonnert bevëlkert hunn. An méi spéit Owes ginn et dann déi erotesch Fantasien vun Bomi a Bopi (ah io), knuspreg Filmescher déi der sou séier net wäert vergiessen. Bizar, Verréckt, eemoleg!! Animatioun an Begleedung um Piano si garantéiert.

Virstellungen daueren ronn 20 Minutten an ginn ofwiesselnd virgestallt. All Dag, vum 19. August bis den 7. September zur voller Stonn: vu Méindes bis Freides vun 19 bis 24 Auer, Samschdes vun 15 bis 1 Auer, Sonndes vun 15 bis 23 Auer, Mëttwochs den 25. August an Mëttwochs den 7. September vun 15 bis 24 Auer. Am Zelt vum Crazy Cinématographe, um Klenge Glacis.

www.crazycinematographe.lu

 

D'Virstellungen

Crazy Cartoon Circus

En geckeg Rees an't Kandheet vum Zeechentrickfilm, éier d'Mickey Mouse gebuer wor! Virwëtzeg an wäertvoll Filmer vum Dinosaurier Gertie, éischten Zeechentrick vun 1914 deen eng richteg Perséinlechkeet zum Star hat, bis bei déi bekannten Felix the Cat deen bis an den Ozean tauche geet fir senger Léifsten ze gefaalen…

Crazy Science Fiction

Ee vun deenen éischten Science-Fiction Filmer, vum Jules Verne inspiréiert! Nom Succès vum Film Le Voyage dans la lune deen hien zwee Joer virdrun realiséiert hat huet den Georges Méliès sech 1904 d'Mëttele ginn fir de Film Le Voyage à travers l'impossible. Dest wor deemools déi längsten jee produzéierte Film mat 20 Minutten, an och deen geckechsten: eng Rees op'Sonn. Restauréierte Film vun der Cinémathèque française.

Crazy Comedy

E Programm vun burlesquen Filmer, vum John Higgins, enger spezieller Cuveuse an och Brëscht déi op dem Kapp wuessen!

   crazy_cinematographe_2011

Fir Erwuessener(vun 22 Auer un)
Crazy Erotique 1900

Wéi Bomi a Bopi nach fit a schaarf woren: kleng Knusepereien aus der Belle Epoque, just fir Erwuessener. Déi al Traditioun vun den Härenowender lieft erëm op (ouni dat se nëmme den Hären virbehale ass) mat eroteschen Szenen, Striptease an nach méi. Dest Joer gëtt et en Harem ausser Rand a Band, d'Schwëster Vaseline an den éischten frensh kiss aus der Kinosgeschicht (deen iwwregens amerikanesch wor)!

 

Special Events

 

Le Crazy Duel des hommes caoutchouc

Moussa Huit Huit vs. L'Homme mystérieux

samedi 20 août + dimanche 21 août | 18h + 21h

Après l'affrontement entre Georges Christen et la mouche la plus forte du monde en 2009 et de David Goldrake et Houdini en 2010, les gladiateurs du « Crazy Duel 2011 » sont des incroyables hommes-caoutchouc se pliant comme des mouchoirs ! Moussa Huit Huit, maître de la contorsion capable de passer à travers une raquette de tennis et vedette du spectacle Afrika! Afrika!, va défier « L'Homme mystérieux », le plus grand contorsionniste de tous les temps, ressuscité en chair et en os sur grand écran grâce à une rarissime pellicule datant de 1911.

 

Ciné-Fanfare « Crazy Chirurgie 1900 »

Le Retour du Dr Doyen [feat. La Fanfare du Commando Fête]

jeudi 1er septembre / 20h + 21h / à partir de 16 ans

Après son entrée fracassante et sanguinolente à la Schueberfouer en 2009, le désormais fameux chirurgien Dr Doyen, véritable « Paganini du scalpel », est de retour avec d'autres pellicules! Avec sa maestria habituelle, il plonge ses instruments cette fois-ci dans des cavités crâniennes, boosté par l'accompagnement musical de la délirante Fanfare du Commando Fête. Fragiles d'esprit s'abstenir !

 

Crazy Luxembourg 1900 [présenté par Max Kuborn]

28 août + 4 septembre + 7 septembre / 16h + 18h

Un voyage unique et nostalgique dans le temps : des rares et étincelantes pellicules montrant le Luxembourg de la Belle Époque ! Ces premiers films documentaires luxembourgeois seront bonimentés par notre vedette nationale cathodique, Max Kuborn. Laissez-vous embarquer dans un train-fantôme à travers le Luxembourg pittoresque de 1912, découvrez la procession dansante d'Echternach de 1906 et le tout premier film luxembourgeois en couleurs.

 

Crazy Discographe

vedredi 2 septembre / à partir de 23h

Live-Mix Crazystyle by DJ Kuston Beater qui se déchaîne sur bruit de fond hypnotisant du ronronnement d'un projecteur Cinemeccanica Victoria 5. Entrée libre.