|
Accès a Verkéier
Fir op d'Schueberfouer ze komme ginn et e puer Méiglechkeeten. D'Stad Lëtzebuerg réit alle Visiteuren esouwäit wéi méiglech den ëffentlechen Transport ze notzen:
mam Auto :
mam Bus :
mam Zuch :
Klickt einfach op d'Rubrik déi Ärer Situatioun entsprécht fir weider Informatiounen.
Mam Auto : P+R
Stellt Ären Auto op ee vun de P+R Parkingë Bouillon, Stade, Luxembourg/Sud or Kirchberg a profitéiert vun de gratis Busverbindunge fir op d'Schueberfouer an zréck.
D'Parkingen Auchan (2770 zum Deel payant Plazen), Konrad Adenauer (415 payant Plazen vun Méindes bis Freides vun 8h00 bis 18h00), Coque 1 an Coque 2 (200 an 150 payant Plazen), Place de l'Europe (850 payant Plazen) an Trois Glands (350 payant Plazen) ginn vun den P+R Buslinnen desservéiert.
Disponibilitéit vun den uewe genannte Parkingen kënnt Dir nokucken andeems der op den Numm klickt.
Fir den Detail vun den Bushorairen, klickt hei.
Mam Auto : Persoune mat ageschränkter Mobilitéit
Fir Persounen am Rollstull fiert den "Fouer-Rollibus" all Dag vun 15h15 bis 22h30 tëscht dem P+R Bouillon an der Schueberfouer (Arrêt "Boulevard de la Foire", virun dem "Centre de Langues", der aler Europaschoul).
Dëse Service ass fir all Persoun am Rollstull disponibel a brauch net am viraus reservéiert ze ginn. Kontaktéiert einfach d'Personal op der Plaz.
Mam Auto : Parken am Stadzentrum
All Visiteure vun der Schueberfouer gi gebieden de Lampertsbierg z'évitéieren op der Sich no enger Parkplaz. Nieft de P+R Parkingë gëtt et Méiglechkeet den Auto an engem vun den ënnerierdesche Parkingen am Stadzentrum ze parken.
Mat Hëllef vum Parkleitsystem kënnt Dir Iech hei iwwert d'Disponibilitéit vun den ëffentleche Parkplazen informéieren.
Mat de Stater Bussen
D'Stad Lëtzebuerg setzt, zousätzlech zu der normaler Offer, Spezialbussen fir d'Schueberfouer an, an offréiert de Visiteuren eng Rei vu Servicer.
- "Park-and-Ride": Linnen 37 an 38
- Déi regulär AVL Buslinnen 1, 2, 3, 4, 12, 13, 18 an 19 kënne gratis tëscht der Gare oder der Uewerstad an der Schueberfouer (Arrêt "Fondation Pescatore" oder "Glacis") benotzt ginn, an dat an der Woch vun 18h00 un a Samschdes a Sonndes vun 13h00 un.
- Nuetslinnen (all Nuecht, ausser an den Nuechte vu Sonndes op Méindes): klickt hei fir weider Detailer
- Den Nuetsbus "City Night Bus" fiert no sengem normalen Horaire an den Nuechte vu Freides op Samschdes a vu Samschdes op Sonndes: d'Linn CN1 verbënnt d'Uewerstad mat de Quartieren Hollerech, Gare, Clausen, Neiduerf an Cents iwwerdeems d'Linnen CN2, CN3 an CN4 vum Centre Hamilius aus d'Verbindung maache mat de Quartieren Lamperbierg, Belair a Märel (CN 2), mat Bouneweeg, Gaasperech an Zéisseng (CN3) an och mat Eech a Kirchbierg (CN4). D'Linn CN1 fiert awer den Arrêt beim Glacis net un!
- oder De Ruffbus "Call-a-Bus" fiert vu Méindes bis Samschdes all Dag bis 23:00 Auer; reservéiert Är Fahrt spéitstens 45 Minutten am viraus iwwer den Telefon 4796-4797
Méi Informatiounen zu de städtesche Busse ginn et ënnert autobus.lu oder um Telefon 4796-2975
Mat de regionale Bussen
Den "Département Transport" vum "Ministère du Développement durable et des Infrastructures" organiséiert fir d'Schueberfouer zousätzlech Coursen op 33 RGTR Linnen ; vu Méindes bis Samschdes fuere vun der Stad Lëtzebuerg aus zwou Nuetsfahrten an déi verschidde Regioune vum Land. Weider Informatiounen zu den Horairë vun de Regionalbusse kritt Dir hei.
Dir kennt och d'Mobilitéitszentral kontaktéieren ënnert mobiliteit.lu oder iwwer Telefon um 2465-2465.
Mat Autobusse vun de Gemengen
Verschidde Gemengen organiséiere speziell Busse fir hier Awunner fir op d'Schueberfouer. All interesséiert Bierger sollen direkt bei hirer Gemeng weider Informatiounen ufroen oder d'Säit vun der Mobilitéitszentral consultéieren.
Mam Zuch an CFL Spezialbussen
Op deene 7 Eisebunnslinne sinn déi lescht Départe vu Lëtzebuerg aus tëscht 22:50 an 00:50 Auer, jee no Linn a Verkéiersdag. Niewent dësen normalen Zich, setzen d'CFL Extrafahrten mam Bus an, déi an de Fräien Nuechten, dat heescht de Weekend (vu Freides op Samschdes a vu Samschdes op Sonndes) fueren.
Kuckt w.e.g. den detailléierte Communiqué (a franséischer Sprooch) deen déi national Eisebunnsgesellschaft CFL erausginn huet; zousätzlech Informatioune ginn et op cfl.lu oder iwwer Telefon um 2489-2489.
Verkéier
Um Lampertsbierg ass de Parking während der Schueberfouer payant vu Méindes bis Freides vun 8h00 bis 1h00 a Samstes a Sonndes vun 14h00 bis 1h00. Méi iwwert de "stationnement résidentiel" um Lampertsbierg liest Dir hei.
Fir de Verkéiersplang ronderëm de Glacis unzekucken, klickt w.e.g. hei.
|